Wéi schreiwen ech mech an?

D’Aschreiwung an d’Wielerlëschten ass einfach! Ech ka mech entweder online iwwer Guichet.lu oder bei menger Gemeng aschreiwen.

Ech hunn d’Méiglechkeet, mech schonn elo, a spéitstens bis 55 Deeg virun de nächste Walen (15. Abrëll 2024 um 17 Auer) mat mengem Luxtrust-Zertifikat elektronesch iwwer Guichet.lu anzeschreiwen. Dës Demarche kascht mech nëmmen e puer Minutten an erspuert mir en Deplacement bei d’Gemengeverwaltung vu mengem Wunnsëtz.

Wéi aktivéieren ech mäi Luxtrust-Produit?
Guichet.lu: Ech melle mech fir d'Europawalen un

Ech gi virum 15. Abrëll um 17 Auer mat engem gültegen Identitéitsdokument (Carte d’Identité oder  Pass) bei d’Gemengeverwaltung vu mengem Wunnsëtz.

Aktualiséiert den