Wann ech bei den Europawale vum 9. Juni 2024 matmaachen, wielen ech direkt meng Representantë (Deputéiert) am Europaparlament, déi sech fir déi nächst 5 Joer fir meng Interessien a Rechter asetzen. D’Europaparlament huet eng legislativ an eng budgetär Funktioun an assuréiert eng wichteg Roll als politescht Kontrollorgan. Als Co-Decideur mam europäesche Rot, huelen d‘EU-Deputéiert Decisiounen, déi all d’Aspekter vum Liewen an der Europäescher Unioun beaflossen. Ech huelen un den Europawale vum 9. Juni 2024 deel fir menger Stëmm bei den Decisiounen an der Europäescher Unioun Gehéier ze verschafen.
Wéi wielen ech?